Iwwert eis

De Label “Bio Green Beef” besteet aus 22 Lëtzebuerger Bio-Betriber. Si hunn sech fir d’Vermaartung vum Fleesch vun jong Randbéischten am IVLB (Interessegemeinschaft Vermarktung Lëtzebuerger Biofleesch) zesumme geschloss. Bei der Gestaltung vum Laaschtenheft waren Déier- an Ëmweltschutz, Nohaltegkeet, Transparenz an Qualitéit wichteg Krittären.

Säit der Grënnung am Februar 2018 ass den IVLB mam Cactus déi eenzeg Vermaartungsstruktur déi dëse Produkt zu Lëtzebuerg ubitt. “Bio Green Beef” ass entstanen mat der Hëllef vum nationalen Bio-Aktiounsplang  an ass ee Resultat vun enger Zesummenaarbecht vun der technescher Verwaltung vum Landwirtschaftsministär (ASTA) dem IVLB, Convis a Cactus.

Bio Green Beef

Den ökologesche Landbau, also Bio-Produktioun, ass déi nohaltegst, ëmweltschounendst an Déiere gerechtste Form vun der Liewensmëttelproduktioun

D’ Grond Iddi vum ökologesche Landbau ass de Kreeslaf vun de Natur an domadder Betruechten vum ganzen landwirtschaftleche Betrib am Zesummespill u Buedem, Planzen, Déieren a Mënsch.

Zu dësen Grond Iddien zielen besonnesch:

  • D’ Fërderung vun der Biodiversitéit, der Villfalt vu verschiddenen Déieren- a Planzenaarten
  • D’ Erhale vun der natierlecher Buedemfruchtbarkeet duerch reegelméisseg organesch Düngen mat Mëscht, Piff oder Kompost vum eegene Betrib souwéi eng schounend Buedembeaarbechtung
  • Eng villsäiteg an ausgeglach Fruchtfolleg , d.h. een Ubau vu verschiddene Planzen mat ënnerschiddlechem Närstoffbedarf a Wuerzelen déi déif an den Buedem era wuessen mat engem héijen Undeel u Leguminosen (verschidde Kléi Aarten asw.)
  • D’ Fërderen vu traditionellen Zorten an vu Natur aus méi robuste Rassen, déi méi resistent sinn.
  • Den Asaz vu Nützlingen fir Schädlingspopulatiounen ze begrenzen an ze bekämpfen
  • Beuechten vun den Déierenaarte spezifeschen Bedürfnisser
  • De Verbuet vu gentechnesch modifizéierten Organismen (GMO) ,de Verbuet vu liicht léislechen Düngemëttel an chemesch syntheeteschen Planzeschutzmëttel
  • De Verbuet vun engem preventiven an routineméissegen Asaz vu Medikamenter, esou wéi hormonelle Behandlungen
  • Di méiglech Déieren Unzuel gëtt a Relatioun mat der Fudderfläch bestëmmt, well Déieren mat selwer produzéierte Fuddermëttel gefiddert solle ginn. Duerch déi Aarbechtphilosophie an d’Erhale vun enger Kreeslafwirtschaft ass den ökologeschen Landbau déi nohaltegst Landwirtschaft, déi eng qualitativ Produktioun vu Liewensmëttel garantéiert a gläichzäitege eng Reduktioun vu Ëmweltbelaaschtung erméiglecht.

Déierenhaltung

Di jonk Randbéischten, et kéint en och soen erwuesse Kaalwer, ginn 8 bis 12 Méint vun hirer Mamm opgezunn, ginn op d’ Weed (mindestens 180 Deeg pro Joer) an hunn vill Platz am Stall fir eng natierlech an optimal Entwécklung. D’ Ranner ernäre sech vun der Mammemëllech, Grass vun der Weed, Hee an eventuell e bëssche Kären fir d’ Ratioun auszegläichen.

Dës 100% biologesch Fuddermëttele kommen virun allem aus der eegener Produktioun vum Betrib. D’Ranner gehéieren zu de bekannte Fleeschraasen Limousin, Charolais,B londe d’Aquitaine oder Angus. Déieren erfëllen déi europäesch Ufuerderungen fir d’Bio-Produktioun (EU-Bio-Veruerdnung 2018/848) esou wéi déi zousätzlech Krittäre vum “Bio-Green-Beef” Laaschtenheft. Héi sinn Verflichtungen an Aufgaben fir all Beräich vun der Produktioun (vum Bauer bis an de Cactus-Rayon) festgeluecht ginn.

Enn eenzegaartege Geschmaach

Mat dësem Premium-Fleesch bidden ,mir Iech eng eenzegaarteg Spezialitéit, déi d’Virdeeler vu Kalleffleesch an dem klasseschen Rëndfleesch vereent. Di 8 bis 12 Méint Opzuucht bei der Mamm, verbonne mat der natierlecher Ernärung, bestëmmen dësem neie Produkt seng Haapteegenschaften: ee besonnesch zaart, rosa Fleesch, mat enger renger Marmoréierung, déi et esou säfteg léist. Ausserdeem ass et ee fettaarmt, licht verdaulecht Fleesch, wat ob natierlecher Aart a Weis vill wichteg Närstoffer, Proteinne an Vitaminne liwwert. Beim Kache soll e sech un de Rezepter vum Kalleffleesch orientéieren.

Ranner

Haltung

Vum Fréijoer bis an den Hierscht, sinn d’Ranner mat de Kéi op de Weeden vum Betrib. Am Wanter sinn Déiere an engem groussen Lafstall, wou si sech kenne fräi beweegen an zu all Zäitpunkt friessen, drénken, schlofen, asw.. No der Gebuert bléiwen Kaalwer bei der Mamm wou si bis zu 10 Méint d’ Mammemëllech kennen drénken. Si liewen ëmmer zesummen an enger Grupp vu Béischten, wat hirem Wiesen entsprécht.

Fidderung

D’Randbéischte si Widerkäuer, hir Ernärung besteet an den Summerméint aus Gras vun der Weed an am Wanter aus Hee oder Grassilo. Wann Bedarf besteet, kennen Kären als Ausgläichfudder zu der Ratioun bäi gefiddert ginn.

D’Fudder kënnt esou gutt et geet aus dem eegene Betrib oder kann vun aneren Bio-Betriber aus der Regioun zou kaaft ginn.